Botz vun der Fassad.

Entdeckt déi verstoppte Schéinheet vun Ärer Immobilie mat eisem exzeptionelle Fassadebotzservice!

Är Fassad verdéngt déi beschte Fleeg a genau dat bidde mir un:

Eliminéiere vu Knascht, Schimmel an Algen

Manière douce, durable et économique

Laangfristege Schutz virum Knascht mat der Cleanix Protect Behandlung no der Botz

Entdeckt Cleanix a seng besonnesch Approche vun der Fassadebotz.

Loosst net zou, dass de Knascht d’Ausgesi vun Ärem Haus beanträchtegt. Gënnt him eng Verjéngungskuer mateisem professionelle Fassadebotzservice!

Botz vun da Facade - Wéi funktionéiert

Ouni Beschiedegung, ouni Chemikalien, ouni Gerüst.

Devis Ufroen

Virdeeler mam Steam Plus vu Cleanix :

Keen Asaz vu Chemikalien

Keen Antimoosmëttel

Kee Schutz vun Dieren oder Dichtungen

Kee Gerüst

Laangfristege Schutz virun Alge mat Cleanix Protect.

Wéi funktionéiert et

Berodung a Bewäertung
01
Planifikatioun an Ausféierung
02
Suivi an Zefriddenheet vum Client
03

Oft gestallte Froen

Mir hunn divers Méiglechkeeten Är Erwaardungen z’erfëllen.
Zéckt net eis ze kontaktéieren.

Firwat ass e mechanescht Rengegen net z’empfeelen?

Eng effikass Fassadebotz kann net mat Biischten duerchgefouert ginn.Firwat ass et eng schlecht Iddi? En Hausbesëtzer stellt sech dës Fro zu Recht, wuelwëssenddass Biischten an Héichdrockapparater zu schnellen a siichtbare Resultaterféieren.    Op dem éischte Bléck, jo.   Awer mat dëse Methode ginn, ausser de geziilten an onerwënschtenOrganismen, och nach kleng Fragmenter vun der Fassad lass. Dat kann een netdirekt beobachte mä déi beschiedegt Plaze sinn déi ideal Ugrëffsfläch fir d’Fiichtegkeet.An nach méi schlëmm: Mechanesch behandelt Uewerfläche gi rau a bidden deperfekten Terrain fir eng Usiidlung vu Sporen. Ganz séierkomme Moos, Algen a Flechten zréck.

Woumat ënnerscheet sech Cleanix bei der Fassadebotz?

D’Erfarung huet eis bewisen, dass eng schounend Behandlung eng nohaltegWierkung huet. Mir verzichte bewosst op Chlor a Bleechmëttelen, well dës Botzmëttelenoch an enger verdënnter Form onerwënscht Wierkungen hunn – se gräifen d’Fassad duerchOxidéierung un, wierken ätzend oder verfierwen d’Uewerfläch.  Cleanix setzt op eng duuss mä effizient Method. D’Botzmëttel vu Cleanixwierkt nëmmen op organesch Stoffer an hemmt esou d’Wuchere vun Algen, Moos a Flechten.D’Wierkung begeeschtert, d’Resultat iwwerzeegt.

Gréngalgen

Dës Algenzort bilt sech heefeg bei Bëscher, Beem an Hecken.

Schwaarzalgen

D’Spueren déi vun dësen Alge verursaacht ginn, ginn oft mat einfachemDréck verwiesselt oder dem Autosverkéier zougerechent. Wann Är Fassad enggrouss verfierfte Fläch opweist, obwuel keng staark befuere Strooss an derGéigend ass, dann ass se héchstwarscheinlech mat Schwaarzalge kontaminéiert.

Routalgen

Routalgen enthalen de Faarfstoff Karotin (vum laténgesche Carota:"Karotte"), dowéinst hir roudelzeg Faarf. Se hunn e ganz speziellen Aspekt– meeschtens bilde si vertikal rout Sträifen a befalen nëmme bestëmmteVerbotzzorten. D’Cleanix-Formel enthält e Wierkstoff, deen nëmmen op befalene Plazen agesatgëtt, déi sech och selwer rengege kënnen. Et handelt sech also net ëm eRengegen am klassesche Sënn, mä ëm eng Behandlung mat laangfristeger Wierkung.    Mir roden Iech of, ze probéieren, d’Alge selwer z’eliminéieren. Wannd’Uewerfläch net entspriechend virbehandelt ginn ass, kann engAlgekontaminatioun nëmmen duerch Waasser mat héijem Drock ewechgemaach ginn.Dës Behandlung verwittert de Verbotz a mécht e rau, ganz dovunner ofgesinn,dass d’Kontaminatioun net déifgräifend eliminéiert gëtt. Esou kënnen Algen aPilze sech weiderentwéckelen a sinn no e puer Méint nees siichtbar. Ausserdeemhannerléisst eng Behandlung mam “Kärcher” oft Spueren op der Uewerfläch. Et assnet méiglech, déi aktiv Substanze vun eisem Cleanix-Produit ze kafen a seselwer opzedroen.    Natierlech kënnt Dir d’Fassad nei usträiche loossen, awer dat ass oft deiera komplizéiert. Mat eisem Verfaren ass et fir d’éischte Kéier méiglech,Flechten an Alge vollstänneg z’eliminéieren, ouni nei usträichen ze mussen.Duerch eis Behandlung gi Moos, Algen a Flechten déifgräifend an zu 100%zerstéiert, ouni de Verbotz ze beschiedegen. Dank der déifwierkender Behandlungass d’Fläch 6 bis 10 Joer laang viru Schwaarzflechten an 2 bis 5 Joer laangviru Gréngalge geschützt. Mir brauche kee Gerüst, wat dësMethod immens virdeelhaft mécht. Am Verglach zu engem Neiustrach spuert Dirongeféier 80% vun de Käschten.

Lag vum Gebai

Um Land ginn d’Fassade méi séier beschiedegt ewéi a stättesche Géigenden. Gréngzonen, Bëscher oder Beem an Hecken,déi sech an der Ëmgéigend befannen, favoriséieren den Algewuesstem. Och d’Presenzvu Flëss, Séien oder Weieren a Biotopen, verstäerkt de Risiko vun enger mikrobiellerKontaminatioun.

Geografesch ausriichtung vum gebai

Déi Fassad déi de Wiederen am meeschten ausgesat ass, ass méi staarkbetraff, well do d’Sonn net oder bal net schéngt.

Fënsterbänken

Ze kuerz Fënsterbänke loossen d’Reewaasser net richteg offléissen, soudasset laanscht d’Fassad erofleeft. Oft bilde sech "Waasserspueren" ënnertde Fënsterbänken.

Eis Servicer

Botz zum Schluss vun engem bail

D’Botz ass d’Kiischt um Kuch no enger gutt gemaachten Aarbecht. Dir hutt grad gebaut oder renovéiert an Dir braucht eng Fachfirma, déi d’Botz duerchféiert?

Méi wëssen
Botz zum Schluss vun engem bail

Nom Plënneren oder virum Verkaf vun enger Immobilie muss Är Wunneng an engem perfekten Zoustand sinn, fir entweder Är Kautioun zréckzekréien oder potentiell nei Locatairen unzezéien. An esou Fäll geet eng einfach Botz net duer. Et muss een an d’Déift goen a grëndlech sinn.

Méi wëssen
Botz vun de Gemeinschaftsberäicher a wéchentlech Botz.

Mir intervenéiere bei Proprietären, Coproprietären, Syndikater a Gestionnairen, fir d’Botz duerchzeféieren an en angeneemt Bild vum Gebai ze vermëttelen. Eng eenzel Interventioun oder a reegelméissegen Ofstänn– mir passen eis Äre Bedierfnesser un.

Méi wëssen
Botz vu Parkplazen

Schenkt Ärem Besuch an Äre Residenten en impeccabelen éischten Androck mat eiser héichwäerteger Parkplazbotz! Eng gaaschtfrëndlech Parkplaz suergt fir eng soignéiert Impressioun.

Méi wëssen
Botz vu Solaranlagen

Bei Cleanix setze mir op innovativ Technologie fir Iech eng effektiv a gënschteg Botz vu Solarmodulen z’erméiglechen!

Méi wëssen
Botz vu Fënsteren a Fënsterrumen

Knaschteg Fënstere kënnen d’Schéinheet vun Ärem Haus oder vun Ärem Betrib beanträchtegen. Cleanix ass do, fir Är Fënsteren zum glänzen ze bréngenan Iech eng blitzblank Aussiicht z’offréieren! Eisen eenzegaartegen Know-how garantéiert Iech en onvergläichlecht Resultat wat gläichzäiteg praktesch, gënschteg an ëmweltfrëndlech ass.

Méi wëssen
Sperrmüll

Schaaft Plaz an trennt Iech ganz einfach vun Ärem Sperrmüll mat eisem professionellen Entsuergungsservice! Braucht Dir propper an opgeraumte Raimlechkeeten? Loosst Iech net méi laang vum Sperrmüll stéieren.

Méi wëssen
Botz vun der Fassad.

Entdeckt déi verstoppte Schéinheet vun Ärer Immobilie mat eisem exzeptionelle Fassadebotzservice!

Méi wëssen
Spezialist fir d’Botz  vun héichgeleeë Fënstere mat rengem Waasser.

Eisen eenzegaartegen Know-how garantéiert Iech en onvergläichlecht Resultat wat gläichzäiteg praktesch, gënschteg an ëmweltfrëndlech ass.

Méi wëssen
Holzterrass.

Huet Är Holzterrass am Laf vun de Joren u Glanz verluer? Dir wëllt dass se nees glänzt, fir de Summer a vollen Zich ze genéissen? Gitt net méi wäit sichen!

Méi wëssen
Terrass an Natursteen

Är Terrass oder Hausallee verdéngt et, ze glänzen! Mir hëllefen Iech, se nees stralen ze loossen.

Eis professionell Botzekipp fir Terrassen ass prett, fir Iech eng impeccabel an aluedend Terrass ze beschafen.

Méi wëssen
Botz vun Alu a Stol.

Net alles wat glänzt, ass nei! Professionell Botz vu Garagendieren, Hausdieren a Fënsterrummen.

Méi wëssen
Botz vum Daach.

Ären Daach verdéngt déi richteg Opmierksamkeet. Loosst e vun eiser professioneller Botzekipp fir den Daach an e richtegt Meeschterwierk verwandelen!

Méi wëssen
Botz vum Kullang.

Botz vum Kullang.Mir botzen d’Bannesäit vum Kullang a vun der Corniche ouni Risiko mat engem professionelle Staubsauger. Superstaarkt Saugen (3600 Watt) + Zougang zu schwieregen Héichte mat eise Staangen, déi iwwer 12 Meter erreechen! 

Méi wëssen
Botz an der gemeng.

All Stad ass eenzegaarteg mee d’Problemer bleiwen déi selwecht. Mat Hëllef vumCleanix Jet mat waarmem Waasser, dat multifunktionellt Gerät vu Cleanix Jet,fënnt all Problem eng Léisung.

Méi wëssen
Rengegung fir Privatpersounen.

Braucht Dir Hëllef firen impeccabelt Doheem? Eis professionell Botzekipp ass do fir Iech d’Liewen zevereinfachen.

Méi wëssen

Suivéiert eis op:

Max file size 10MB.
Uploading...
fileuploaded.jpg
Upload failed. Max size for files is 10 MB.
Thank you! Your submission has been received!
Oops! Something went wrong while submitting the form.