Botz zum Schluss vun engem bail
Nom Plënneren oder virum Verkaf vun enger Immobilie muss Är Wunneng an engem perfekten Zoustand sinn, fir entweder Är Kautioun zréckzekréien oder potentiell nei Locatairen unzezéien. An esou Fäll geet eng einfach Botz net duer. Et muss een an d’Déift goen a grëndlech sinn.
Hei e puer vun de wichtegeste Virdeeler :
Dofir bidde mir och eis Déngschter un, fir Iech dobäi ze hëllefen, dës Aufgab beschtméiglechst z’erleedegen aspéider keng schlecht Iwwerraschungen z’erliewen :
Grëndlech Botz vun all de Raim
Ewechmaache vu Flecken a Knascht
Zefriddenheetsgarantie
Dir kritt Är Kautioun ouni Opwand zréck
Verschwent keng Zäit mam botzen zum Schluss vun engem Bail.
Efficacité et professionnalisme
Verschwent keng Zäit mam botzen zum Schluss vun engem Bail. Iwwerloosst eis dës Aufgab, esou kënnt Dir Iech op Äert neit Liewen an Ärer neier Wunnengkonzentréieren.
Wéi funktionéiert et
Berodung a Bewäertung
Planifikatioun an Ausféierung
Suivi an Zefriddenheet vum Client
Oft gestallte Froen
Mir hunn divers Méiglechkeeten Är Erwaardungen z’erfëllen.
Zéckt net eis ze kontaktéieren.
Dir kënnt eis telefonesch, iwwer E-Mail, iwwert eisen Online-Formulaire oder eise Clientsportal erreechen. Mir schécken Iech en Devis esou séier ewéi méiglech.
Et ginn divers Virdeeler ewéi z.B. den Zäitgewënn, kee Material kafen ze mussen, asw. Den Haaptvirdeel ass awer, eng qualitativ héichwäerteg Rengegung, vun engem professionellen Team realiséiert.
Mir sinn a Lëtzebuerg anan der Groussregioun täteg.
Jo, mir realiséieren ochLeeschtunge fir Privatpersounen.
Bezuele kënnt Dir per Iwwerweisung oder Kreditkaart.
Dir kënnt eng Interventioun innerhalb vun 48 Stonne stornéieren. No dësem Delai gëtt Iech d’Leeschtung verrechent.
Eis Produkter sinn 100% “Made in Luxembourg”, vun der Mark Flowey.
Fir eng Presenz z’assuréieren a sécherzestellen, dass d’Aarbechtsstonnen tatsächlech geleescht ginn, ass den Intervenant un en interne Stonnesystem gebonnen.
Eis Servicer
Kontaktéiert eis!
Mir sinn telefonesch oder iwwer E-Mail erreechbar, fir Är Froen ze beäntweren.